ab 17 Auer bis 23 Auer
Warm-Up Party
Welcome beim HBK Béiergaart 2022 (14. bis 17. Juli 2022)
4 Deeg Spaass fir d’ganz Famill
zu Käerjeng beim alen Tennis
HBK Béiergaart 2022
Live Musek a leckert Iessen
5. Editioun vum HBK Béiergaart (14. bis 17. Juli)
dëst Joer um Site vun den alen Tennisterrainen vu Käerjeng (rue du Bois)
Entdeckt eis Menüen
an Zesummenarbécht mat Meyer Salaisons vu Käerjeng
Programm Béiergaart 2022
kommt bis bei eis, fir Stëmmung ass gesuergt
ab 17 Auer
Afterwork
Happy-Beier-Hour vu 17-18 Auer
ab 20 Auer
Béiergaart goes Vintage
mam DJ Buick aka Fritz an DJ Petz W
ab 17 Auer
Stammtischmusikanten
ab 20 Auer
The Heimatdamisch
ab 11 Auer
Apéro-Concert mat de Stammtischmusikanten.
Zünfteg Wirtshausmusek aus Oberbayern,
mat vill Schwong a Spaass.
Ouni Elektronik a Playback.
Béiergaart goes Local
Ëmmer méi Leit denken ëm a wëlle wëssen, wou hier Iesswueren hier kommen. An dofir huet de BÉIERGAART decidéiert, quasi ausschliisslech mat lëtzebuerger a regionale Produiten ze schaffen.
7 Grënn fir regional Produiten :
- Ëmweltschounend, well d’Transportweeër kuerz sinn. Dat bréngt manner Verkéier op eise Stroossen an eng besser Ökobilanz mat sech
- Bessere Geschmaach, well d’Produite voll ausräifen a wuessen an esou direkt no der Recolte oder dem Schluechte frësch verkaf kënne ginn
- Gesond a vitaminräich, wéinst der voller Räif, manner Pestiziden a Schuedstoffer
- Qualitéit a Kontroll, duerch de Kontakt tëschent dem Produzent an dem Verbraucher
- Gënschteg, duerch déi kuerz Transportweeër an Ewechfale vun Importtaxen
- Regionalitéit schafft Identitéit, well een net an en anonymt Produkt vum aneren Enn vun der Welt bäisst, mee an e Produkt direkt vum „Noper“
- Stäerkung vun der regionale Wirtschaft, Erhalen a schafe vun Aarbechtsplazen